Autosaccident – 26.10.2017 –

Um Freiden Moien, géint 08.45 Auer ass den CISH ob een Accident an der Gäichel geruff ginn, tëscht 2 Autoen, wou eng Persoun sollt ageklemmt sinn.

Beim Accident ass et awer just zu enger liicht blesséierter Persoun komm, déi Effektiv net méi aus dem Auto selwer eraus koum, well deen 2ten Auto wiedert der Autosdier stoung.

Een deel vun der Equipe huet sech ëm de verletzte Chauffer gekëmmert, deen aneren Deel huet den Auto stabiliséiert a gekuckt vir Chauffersdier ob ze kréien.

Nodeems, deen 2ten Auto ewech beweegt gouf, konnt Chauffersdier vum 1ten Auto ouni weider Hëllefsmëttelen opgemaach ginn. Sou konnt de Chauffer vun dem Equipage vun der Ambulanz iwwerholl ginn.

Nodeem Autoen aus der Strooss  beweegt goufen, goufen nach Stécker déi ob der Strooss louchen ewech geraumt an den den CISH erëm eran fueren.

Den CISH war ob der Platz mam: TLFA 2-1 an GW 1-1

Des Weideren waren ob der Platz:
Den CIS Simmer mam KDW1
Den CIS Stengefort mam HLF2-1 an dem RW1;
Den CIS Réiden mat der AM1;
an Police Grand-Ducale.