Déier a Nout – 01.12.2017

Dënschdes Moies um 12 Auer gouf ee Member vum CISH ugeruff, dass am Duerf zu Eischen ee klenge Labrador géif ronderëmlafen.

De Moupes konnt ouni Problemer agefaange ginn a gouf an de Pompjeesbau bruecht. Do konnt deen sech mol zoppnaass wei e war erëm opwiermen.

Mat Hëllef vun der Police konnt de Besëtzer ermëttelt ginn an den Moupes erëm Heem bei säi Besëtzer bruecht ginn.