Bärbelendag 2017

Den 9ten Dezember sinn Memberen vum CISH zesumme komm vir zu Eischen an der Kierch hier Schutzpatréinerin ze feieren.

No enger schéiner Mass, déi vun der Äischener Musek begleet gouf, sinn dunn Memberen vum CISH zesumme mat hire Famillje zu Eischen am Festsall zesumme komm, vir Mannschaftsiessen.

No enger klenger Usproch vun eisem Chef, dem GEDITZ Tom, konnten sech Memberen dunn un engem interkontinentalen Buffet (Mexiko, Italien a Spuenien) erfreeën.

Ob dësem Wee soe mir all deene Léit, Awunner, Firmaen a Sponsore, Merci déi eis dat ganz Joer iwwer ënnerstëtzt a begleet hunn.

Leave Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert