Autosaccident – 01.01.2018

 

No enger roueger Sylvesternuecht, wou eis Memberen konnten ongestéiert bei hire Famillje a Kollegen feieren ass et awer dunn Mëttes vum 1te Januar um 14.15 Auer ob deen éischten Asaz vir eis Permanence gaangen.

An der Sortie vun Habscht, a Richtung vun Stengefort koum et zu engen Accident tëscht zwee Autoen, bei där eng Persoun liicht blesséiert gouf.

Persoun gouf zesumme mat den Ambulancieren vum CISST schounend aus dem Auto geholl an dunn an Spidol bruecht.

Ob der Platz war den CISH mam TLFA2-1, GW1-1 an TSF1-1.

Den CISST mat hirer AM1 an Police Grand-Ducale.