Atemschutz Notfall Management – Recyclage – 13.01.2018

Samschdeg Moies den 13ten Januar sinn Memberen vum CISH wou wei vum CIS Stengerfort zu Stengefort am Asazzenter zesumme komm, vir ee Recyclage vun hierer Formatioun ze maachen.

Hei ass dat ganz Material vun der ANM-Posch duerch geholl ginn, sou wéi och déi verschidden Handgrëffer ënnert Nullsiicht.

Wéini gëtt den Binôme de Secours (ANM) gebraucht?

Dësen kënnt dann zum Asaz wann een Otmeschutzdréier deen sech am Asaz befënnt an een techneschen Defekt un sengem Otemschutzgerät oder Mask entstanen ass zu hëllef ze kommen. Iwwer dëse Wee kann entweder just eng nei Otemschutzfläsch ugeschloss ginn, oder den Longenautomat getosch ginn, bis hin dass Mask ausgedoe gëtt an een „Respihood“ ugedoe gëtt.

Am ganzen hunn 4 Memberen vum CISH an 4 Memberen vum CISST un der Formatioun deel geholl.