Autosaccident – 23.01.2018

An der Nuecht vun Méindeg ob Dënschdeg, ass den CISH um 01.57 Auer, ob een Autosaccident tëscht Eischen an Habscht geruff ginn. Hei wier een Auto mat engem Bam kollidéiert.

Ob der Platz war de blesséierte Chauffer schonn aus dem Auto eraus. Hien gouf direkt vun eisen First Responder betreit an ass dono dem Equipage vun der Ambulanz vum CIS Réiden iwwerginn ginn.

Nodeems de Chauffer an der Ambulanz war, ass Sich nom Motor vum Auto ugaangen, deen nieft dem Auto an engem Schacht konnt erëm fonnt ginn. Weider Stecker aus dem Motorraum konnten ob etlech Meteren agesammelt ginn.

Ob der Platz war den CISH mam TLFA2-1, GW1-1.

Den CISR mat hirer AM1 an Police.