Jugendübung – 26.012018

Den CISH huet och eng aktiv Jugendsektioun, déi an der reegel Freides Owes vun 17.45 bis 19.30 Auer zesumme kënnt. Eis Jugendpompjeeën sinn am Alter vun 8 bis 15 Joer, wou se dann ab dem 16 Liewensjoer eriwwer bei déi aktiv Pompjeeën kommen an och ob Asätz duerfe matfueren.

Bei eise Jugendpompjeeën steet vill Theorie, mee och vill praktescht Schaffen um Programm.

Dëse Freiden den 26. Januar, hunn si da mol probéiert wie et sou ass vir een Hënnernesparcour am Hellen an duerno am Däischteren ze bewältegen. Sou konnte si mol bëssi gesinn wéi datt bei deene groussen ass, wann déi mam Otemschutz mussen ähnlech Übunge maachen.

Mir wäerten och an Zukunft hei bei eis um CISH.lu Berichter iwwert Aarbecht bei a mat der Jugend bréngen, vir Iech ze weisen wat déi Jonk alles mussen schonn sou frei leeschten.