Scheierbrand – 14.02.2018 –

De Mëttwoch um 12.22 Auer ass den CISH ob Gräisch geruff ginn wou eng Scheier sollt brennen.

Zesummen mam CISH waren och den CIS Tënten an den CIS Mamer mat der Leeder (TMF) an enger Ambulanz geruff ginn.

Als éischt um Brand agetraff war den KLF 1-1 vum CISH, deen säin Depart zu Roodt geholl hat. Wei dësen ob der Brandplaz agetraff war, sinn als éischt mol Béischten, zesumme mam Bauer, aus der Schéier geholl ginn.

Während deem ass den LF 1-1 vum CIS Tënten agetraff an déi éischt Läschaarbechten ënnert schwéierem Otemschutz konnten ageleet ginn.

Bedengt duerch dee wäiten Ufaartswee ass den CISH kuerz drop mam TLFA 2-1 agetraff.

Den TLFA 2-1 gouf hannert der Scheier plazeiert, sou dass de Brand vun 2 Säiten aus konnt ugegraff ginn. Den WLF mam Container AB-Waasser gouf bei den TLFA 2-1 gesat als Waasserpuffer.

Den LF 1-1 vum CIS Tënten gouf iwwert een Ennerflurhydrant gespeist.

Leeder vum CISMA gouf ob Stand-By gestalt, wëll des vir de Moment net gebraucht gouf.

Nodeems Brandlaascht mam Bagger aus der Hal geholl gouf, war Feier séier geläscht.

Bei de Noläschaarbechten huet awer misse festgestallt ginn, dass 2 Béischten Feier leider net iwwerlieft haten.

Op der Plaz:

CISH: TLFA 2-1, GW 1-1, MZF 1-1, SW-A, MTW an WLF-AB Waasser

CISTU: LFA 1-1, KDW an MTW

CISMA: TMF, LF 2-1 an eng Ambulanz

souwéi Police an den Regional Inspecteur Adj.