Übung Accident – 16.03.2018

Freides Owes den 16. Mäerz gouf beim CISH eng Übung ënner reelle Konditioune ofgehalen.

Situatioun war een Auto deen an e Bréckepillier gerannt mat 2 Persounen dran.

No enger éischter Erkundung, konnt Equipe ufänke mat schaffen. Et gouf versicht am Kontext vun den SER (Standard Einsatz Regeln) ze schaffen, sou dass ëmmer an Equipe vun 2 Mann (Binome) geschafft gouf.

Dat éischt Offer gouf direkt vun engem Binome First Responder betreit, dat 2 Affer gouf, nodeems den Auto stabiliséiert war, per Spineboard aus der Mall eraus gebuergen.