Kichebrand an engem Restaurant – 08.07.2018

Sonndes Owes um 20.55 Auer ass beim CISH Groussalarm ausgeléist, well zu Habscht an enger Kichen vun engem Restaurant géif et brennen.

Beim antreffen vun den éischten Truppen, hat de Propriétaire schonn Feier geläscht.

Enner Otemschutz gouf dunn an der Kichen, mëttels Wärmebildkamera, no Brandnäschter kontrolléiert.

Des Weideren gouf dat ganzt Haus kontrolléiert ob sech net nach eng Persoun géif dran ophalen.

Baussen gouf an der Tëschenzäit den Ofzochrouer vun der Hot kontrolléiert, well aus dësem laut Anzéien och Flame geschloe haten.

Zesummen mam CISH gouf och den HLF2-1 an Ambulanz vum CIS Stengefort, souwéi DLK vum CIS Reiden mat alertéiert.

Op der Plaz vum CISH: TLFA 2-1, KLF 1, GW 1-1, MZF 1-1, MTW 1-1, KDW 1-1 an SW-A

Den CISST: HLF 2-1, RTW-1

Den CISR: DLK 1, TLF 2-1, RW 1-1

Des Weideren: Police Lëtzebuerg