18.01.2019 – Kamäin-, Dachstullbrand

Freides den 18.01.2019 ass den CISH mat der Permanenceéquipe géint 23.01h ob Simmer ob ee Kamäibrand geruff ginn.

Ob der Plaz ukomm konnt awer festgestallt ginn, dass schonn zum Deel Flamen aus dem Daach ronderëm dem Kamäin geschloen hunn.

Et ass direkt een LF als Renfort nogeruff ginn a Groussalarm am CISH ausgeléist ginn.
Als Renfort gouf den TLF 2-1 vum CIS Käerch an den LF 2-1 vum CIS Kielen geruff.

No den éischten Läschaarbechten an dem Antreffen vum TMF vum CIS Mamer, war Situatioun, soudass den LF vum CIS Kielen erëm konnt ofbestallt ginn.

Enner schwéierem Otemschutz an dem TMF gouf dunn Verkleedung ronderëm de Kamäin erof geholl vir sämtlech Brandnächter ze fannen.

No enger ofschléissender Kontroll mat der Wärmebildkamera konnt dunn den Asaz ofgeschloss ginn.

Ee Merci un Gemeng Habscht, déi eis Streesalz bruecht huet. Bedéngt duerch Keelt ass Waasser ob der Plaz gefruer.

Op der Plaz:
CISH: TLF 2-1, KLF 1, GW 1-1, MZF 1-1, MTW 1
CISMA: HLF 1-1, TMF 1
CIS Käerch: TLF 2-1
CGDIS: Chef Pleton
CISST: KTW 1
Police Lëtzebuerg & Gemeng Habscht