28.01.2019 – Autosaccident an der Gäichel

Méindegowes géint 17.34 Auer ass Permanence vum CISH an Gäichel geruff ginn, wou zwee Autoen sollen aneneen gerannt sinn.

Ob der Plaz ukomm, gouf festgestallt, dass zwee Autoen frontal anenee gerannt waren et awer zum Gléck just Materialschued entstanen ass.
Persounen aus den Autoen konnten déi eleng verloossen.

Persounen aus de Gefierer goufen mat der Ambulanz vum CIS Stengefort vir eng Kontroll ob Arel an Spidol bruecht ginn.

Op der Plaz:
CISH: TLF 2-1, GW 1-1
CISST: KTW 1

Police Arël