Formatioun taktesch Belëftung

Um Samschden Moien, dem 09. Februar 2019, gouf am CIS Stengefort eng Formatioun iwwert taktesch Belëftung ofgehalen.

An dëser Formatioun ass et drëms gaangen, vir déi verschidden Modeller vun Belëfter mol erkläert ze kréien a wei déi kënnen agesat ginn.

No der Theorie ass et dunn an een eidelt stoend Haus zu Stengefort gaangen, wou dann déi verschidden Taktiken ausprobéiert gi sinn.
Hei goung vun der normaler Belëftung per „Ventilator“, iwwer déi natierlech Belëftung, souwéi déi hydraulesch Belëftung.

Mat Niwwelmaschinn gouf Haus ënnert Damp gesat an et konnt een der Stréimung vum belëften nokucken.

Un dëser Formatioun hunn Deel geholl, den CIS Stengefort, den CIS Käerch an den CIS Habscht.