10.03.2019 – Stuerm „EBERHARD“

Sonndes géint 10.48 Auer ass Permanence mam TLF 2-1 ob deen éischte Bam deen ëmgefall war gefuer ginn.
Dono gouf den TLF 2-1 nach ob 2 weider Beem geruff, bis um 12.55 och den KLF eraus geruff ginn ass

Bedéngt, dass Asätz net manner gi sinn gouf dunn um 14.07 Auer eng Alerte Unwetter am CIS Habscht eraus ginn, sou dass de Recht vum Corps och geruff ginn ass a net manner wei 21 Pompjeeën an den Asaz koumen.

Am CIS gouf ee Poste Fix ageriicht an Asäz goufen mat 3 Sektiounen ofgeschaft.
Am ganzen goufen 16 Asätz ob deem Dag ofgeschaft

Am Asaz:
CISH: TLF 2-1, GW 1-1, KLF 1, TSF 1

« von 8 »