Auto um Daach

Dënschdeg den 10te Mäerz ass den CIS Habscht op een Verkéiersaccident tëscht der Gäichel an der Kräizerbuch geruff ginn.
Hei war een Auto vun der Strooss ofkomm an um Daach leie bliwwen.

De Chauffer aus dem Auto gouf beim Accident net verletzt. Hie gouf vun der Equipe vun der Ambulanz gekuckt, wollt awer net an Spidol.

Op der Plaaz:
CISH: TLF 2-1, GW 1-1, KDW 1
CISMA: RTW 1
Police Lëtzebuerg