Bottepressbrand – 19.07.2018

Gëschter um 14:30 Auer gouf den CIS Habscht mat enger Alèrte Générale op Kräizerbuch geruff.

Hei war eng Bottepress bei der Aarbecht um dreschenen Feld an Brand geroden. Den Besëtzer vun der Maschinn ass nach séier 500m op den Haff zeréck gefuer, an huet seng Maschinn do erofgehaangen, fir Schlëmmeres um Feld ze verhënneren.

Sou gouf et eemol d’Feld ze läschen, an och d’Bottepress um Haff.

Den HLF 2-1, WLFA 2-1 mam Wassertank an RTW 1 vun Stengefort souwéi den Chef de Peloton goufen direkt mat geruff.

Den Brand war zum Gléck séier ënner Kontroll, an et gouf keen blesséiert

Op der Plaz vum CISH: TLFA 2-1, KLF 1, GW 1-1 an KDW 1

Den CISST: HLF 2-1, WLFA 2-1, RTW-1

Des Weideren: Police Lëtzebuerg

(Photoën: Centre d’Incendie et de Secours Steinfort)