Äischdaller Oktoberfest 2018
Vir Reservatioun >> hei Klicken <<
Vir Reservatioun >> hei Klicken <<
Freides Owes um 21.15 Auer ass den TLFA 2-1 vum CISH als Renfort ob Käerch geruff ginn, do war ee Feier an engem Appartementshaus ausgebrach. Zu dësem Moment huet sech praktesch déi ganz Permanence an nach zousätzlech Memberen vum Corps am Pompjeesbau opgehalen, vir eisen Sécherheetsdag ze organiséieren. Well gewosst war wat géif brennen, sinn…
Dës Woch ass Secherheetswoch an der Schoul vun der Gemeng Habscht. An deem Kontext war den CISH dësen Dënschden och mat enger Equipe vertrueden an hunn de Kanner de Rettungsdéngscht aus der Gemeng méi no bruecht. Am ganzen goufen 3 Atelieren gemaach vir Kanner aus den Cycle 4.x. An dem éischten Atelier gouf Equipement vum…
Méindegmëttes ass Permanence an den First Responder vum CISH ob een Accident geruff ginn, deen ob der Streck Gäichel – Kräizerbuch geschitt ass. Hei war ee Chauffer mat sengem Gefier vun der Strooss ofkomm. De Chauffer ass mat der Ambulanz vum CIS Stengefort ob Ettelbréck an Spidol gefouert ginn. Ob der Platz: CISH: TLFA 2-1…
Freides Owes den 16. Mäerz gouf beim CISH eng Übung ënner reelle Konditioune ofgehalen. Situatioun war een Auto deen an e Bréckepillier gerannt mat 2 Persounen dran. No enger éischter Erkundung, konnt Equipe ufänke mat schaffen. Et gouf versicht am Kontext vun den SER (Standard Einsatz Regeln) ze schaffen, sou dass ëmmer an Equipe vun…
Den Dënschden Owend géint 23.45 Auer ass den CISH zesumme mam CIS Stengefort ob Streck tëscht Eischen a Stengefort geruff ginn ob ee schwéiert Accident. Een Auto war hei frontal mat engem Bam kollidéiert. Trotz all de Beméiungen Säitens dem Ersthellfer deen ob der Plaz stoen bliwwen ass an den Rettungsdéngschter koum all Hëllef vir…
Donneschden Owend um 18 Auer ass Permanence vum CISH ob Habscht geruff, wéinst enger Dampentwécklung an engem Haus. Ob der Plaz ukomm konnt festgestallt ginn, dass et een Enstehungsbrand war. Enner schwéierem Otemschutz ass Brandlaascht ewech geholl ginn an ofgeläscht ginn. Et war kengem eppes geschitt an et gouf just minimal Materialschued. Op der Plaz:…
De Mëttwoch um 12.22 Auer ass den CISH ob Gräisch geruff ginn wou eng Scheier sollt brennen. Zesummen mam CISH waren och den CIS Tënten an den CIS Mamer mat der Leeder (TMF) an enger Ambulanz geruff ginn. Als éischt um Brand agetraff war den KLF 1-1 vum CISH, deen säin Depart zu Roodt geholl…
Den CISH huet och eng aktiv Jugendsektioun, déi an der reegel Freides Owes vun 17.45 bis 19.30 Auer zesumme kënnt. Eis Jugendpompjeeën sinn am Alter vun 8 bis 15 Joer, wou se dann ab dem 16 Liewensjoer eriwwer bei déi aktiv Pompjeeën kommen an och ob Asätz duerfe matfueren. Bei eise Jugendpompjeeën steet vill Theorie,…
An der Nuecht vun Méindeg ob Dënschdeg, ass den CISH um 01.57 Auer, ob een Autosaccident tëscht Eischen an Habscht geruff ginn. Hei wier een Auto mat engem Bam kollidéiert. Ob der Platz war de blesséierte Chauffer schonn aus dem Auto eraus. Hien gouf direkt vun eisen First Responder betreit an ass dono dem Equipage…