Autor: Jerome Fischbach

26.01.2019 – Kabelbrand

Samschdes den 26.01.2019 ass den CISH mat der Permanenceéquipe géint 23.08h ob Habscht geruff, well do eng elektresch Këscht sollt brennen. Ob der Plaz ukomm huet awer musse festgestallt ginn, dass net déi elektresch Këscht gebrannt huet, mee den Damp aus der Gaine, wou eng Zoubrengerleitung vun der CREOS dran louch, koum. Réckmeldung ass ob…

17.01.2019 – Autosbrand

Donneschdes den 17.01.2019 ass den CISH géint 11.58h ob Streck Gäichel – Kräizerbuch geruff ginn wéinst engem Autosbrand. Ob der Plaz ukomm war den Auto schonn am Vollbrand. Allerdéngs waren mat CISH och Beruffspompjeeën vun Arel ob dee selwechte Brand geruff ginn an déi haten schonn mat dem éischten Läschugrëff ugefaangen. Si goufen vun engem…

Ofschlossübung Grouss & Kleng 2018

Freides Owes, den 06 Juli 2018 war Ofschlossübung vun eisen Jugendpompjeeën, déi Tatkräfteg ënnerstëtzt goufen vun deenen Aktiven vum CIS Habscht. Simuléiert gouf een Dachstuhlbrand mam Opbau vun enger Wasserförderung über Langewegstrecken, engem Innen- an Aussenangriff dat ganzt zu Äischen beim Centre Sportif. No der Übung ass zesummen gegrillt ginn an sech agestëmmt ginn op…