Autor: Jerome Fischbach

Äischdalltrail 2020

Den 15. August 2020 organiséiert den CISH zesummen mat den Äischdall-Leefer den well bescht bekannten Äischdall-Trail. Och dëst Joer freeë Mier Iech ob Eischen vir dëse flotten Trail vun 6, 10 an 21km duerch eis schéi Gemeng an den Äischdall, z’invitéieren. Vir weider Infoen iwwert den Trail an Umeldung, einfach ob dëse Link klicken.

Atemschutz Notfall Management – Recyclage – 13.01.2018

Samschdeg Moies den 13ten Januar sinn Memberen vum CISH wou wei vum CIS Stengerfort zu Stengefort am Asazzenter zesumme komm, vir ee Recyclage vun hierer Formatioun ze maachen. Hei ass dat ganz Material vun der ANM-Posch duerch geholl ginn, sou wéi och déi verschidden Handgrëffer ënnert Nullsiicht. Wéini gëtt den Binôme de Secours (ANM) gebraucht?…

Betriebsmëttel ausgelaf- 23.12.2017

Samschdes Mëttes um 14.27 Auer ass den CISH ob Streck Eischen – Stengefort geruff ginn vir Betriebsflëssegkeeten vun engem Auto deen accidentéier war opzebotzen. Beim Accident selwer sollt kee blesséiert ginn. Et ass just Materialschued um Auto entstanen. Den CISH huet den Auto ofgeséchert bis Depanneuse dëse gelueden hat. Ob der Platz war den CISH…

Mazoutspuer – 19.12.2017

Dënschdes den 19ten Dezember um 11.35 Auer ass den CISH ob Streck Gäichel – Kräizerbuch geruff ginn wëll do eng Mazoutspuer géif ob der Strooss léien. Während dem Asaz ass den KLF1-1, wat eisen 2 takteschen Asazwon ass, alarméiert ginn ob eng 2. Mazoutspuer ob der Streck Kräizerbuch – Saeul. Den TLFA2-1 an den KLF1-1…

Bärbelendag 2017

Den 9ten Dezember sinn Memberen vum CISH zesumme komm vir zu Eischen an der Kierch hier Schutzpatréinerin ze feieren. No enger schéiner Mass, déi vun der Äischener Musek begleet gouf, sinn dunn Memberen vum CISH zesumme mat hire Famillje zu Eischen am Festsall zesumme komm, vir Mannschaftsiessen. No enger klenger Usproch vun eisem Chef, dem…

Bärbelendag bei den Beruffspompjeeën vun Arel

Eng Traditioun déi vir puer Joer ausgesat hat, gouf erëm bei den Beruffspompjeeën vun Arel agefouert. Dëst ass hiert klengt Fest vir Bärbelendag an sou wei Traditioun et wëll waren och erëm Pompjeeën vun der Gemeng Habscht ob hiert Fest invitéiert ginn. Et ass eis allkéiers eng grouss Freed vir dierfen ob hirem Fest deel…