Schlagwort: Brand

Vegetatiounsbrand zu Habscht

En Méinden den 18.04.2022 gouf den CIS Habscht um 14:18 op Habscht op ee Vegetatiounsbrand geruff. Well et am Bësch net einfach ass fir un Waasser ze kommen goufen direkt puer Camionen aus verschidden Asazzenteren alarméiert fir dass genuch Waasser op der Plaz ass D’Feier konnt duerch een direkten Ugrëff iwwert dee schwaarzen Deel agedämmt ginn an eng weider Brandausbreedung konnt esou Ënnerbonne ginn. Nodeems…

Brand zu Habscht

En Samschden den 05.03.2022 gouf de CIS Habscht um 01:57 op Habscht geruff well et do brenne sollt. Op der Platz hunn eis Leit kee Feier fonnt. D’Gebai wou d’Feier gemellt war sou wei déi Gebaier niewendrun goufen all kontrolléiert a well näischt fonnt ginn ass, war den Asaz dann och fir eis eriwwer. Op der Plaz: CISH: LF 2-1, KLF 2-1,…

26.01.2019 – Kabelbrand

Samschdes den 26.01.2019 ass den CISH mat der Permanenceéquipe géint 23.08h ob Habscht geruff, well do eng elektresch Këscht sollt brennen. Ob der Plaz ukomm huet awer musse festgestallt ginn, dass net déi elektresch Këscht gebrannt huet, mee den Damp aus der Gaine, wou eng Zoubrengerleitung vun der CREOS dran louch, koum. Réckmeldung ass ob…

Kichebrand an engem Restaurant – 08.07.2018

Sonndes Owes um 20.55 Auer ass beim CISH Groussalarm ausgeléist, well zu Habscht an enger Kichen vun engem Restaurant géif et brennen. Beim antreffen vun den éischten Truppen, hat de Propriétaire schonn Feier geläscht. Enner Otemschutz gouf dunn an der Kichen, mëttels Wärmebildkamera, no Brandnäschter kontrolléiert. Des Weideren gouf dat ganzt Haus kontrolléiert ob sech…

Brand an engem Appartementshaus zu Käerch – 25.05.2018

Freides Owes um 21.15 Auer ass den TLFA 2-1 vum CISH als Renfort ob Käerch geruff ginn, do war ee Feier an engem Appartementshaus ausgebrach. Zu dësem Moment huet sech praktesch déi ganz Permanence an nach zousätzlech Memberen vum Corps am Pompjeesbau opgehalen, vir eisen Sécherheetsdag ze organiséieren. Well gewosst war wat géif brennen, sinn…