Blog

Entstehungsbrand – 15.02.2018 –

Donneschden Owend um 18 Auer ass Permanence vum CISH ob Habscht geruff, wéinst enger Dampentwécklung an engem Haus. Ob der Plaz ukomm konnt festgestallt ginn, dass et een Enstehungsbrand war. Enner schwéierem Otemschutz ass Brandlaascht ewech geholl ginn an ofgeläscht ginn. Et war kengem eppes geschitt an et gouf just minimal Materialschued. Op der Plaz:…

Äischdalltrail 2020

Den 15. August 2020 organiséiert den CISH zesummen mat den Äischdall-Leefer den well bescht bekannten Äischdall-Trail. Och dëst Joer freeë Mier Iech ob Eischen vir dëse flotten Trail vun 6, 10 an 21km duerch eis schéi Gemeng an den Äischdall, z’invitéieren. Vir weider Infoen iwwert den Trail an Umeldung, einfach ob dëse Link klicken.

Atemschutz Notfall Management – Recyclage – 13.01.2018

Samschdeg Moies den 13ten Januar sinn Memberen vum CISH wou wei vum CIS Stengerfort zu Stengefort am Asazzenter zesumme komm, vir ee Recyclage vun hierer Formatioun ze maachen. Hei ass dat ganz Material vun der ANM-Posch duerch geholl ginn, sou wéi och déi verschidden Handgrëffer ënnert Nullsiicht. Wéini gëtt den Binôme de Secours (ANM) gebraucht?…